Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Invitatioun op eng Chantiersvisite vun der 11ter Turbine op der SEO: Samsdeg, den 19. Mee 2012

Léiw Matbierger,

D’ SEO baut de Moment un enger Galerie fir déi nei 11. Turbine fir domat d’ Leeschtung vum Pompelspäicherwierk vu Veianen ze vebesseren an offréiert eng eemoleg Geleeënheet fir dëse gigantische Chantier nach kënnen ze besichen, wat spéiderhi net méi wäert méiglech sinn.

Zesumme mat der Gemeng invitéiert Iech alleguerten di nei « Commission consultative de la culture et de la communication » op eng Visite guidée vum Chantier e Samsdeg, den 19. Mee 2012.

----------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Programm:
08.30Rendez-vous beim Centre Polyvalent, ëm 08.45 Départ vum Bus
09.15Guiden vun der SEO féiren eis duerch de Chantier
11.15Enn vun der Visite an Transfert zeréck op Reisduerf
11.45 Invitatioun op en Ofschlosspatt am neien “Sall Gillenshaus”

Wëssenswertes:

En Onkäschtenbäitrag vu 5€ pro Persoun (fir de Bus) get mueres opgehuewen.
En puer fest Schong an warem Kleeder sinn ugesot.


Unmeldung:

Well d’Zuel vun den Plaze begrenzt ass, ginn d’Umellungen der Reih no ugeholl
bis spéitestens Méindes, de 14. Mee

um Tel 691.58.32.88 (Sylvie Bisenius : vun 18-20 Auer)
oder per Email lorbis@pt.lu - oder -

um Tel 621.27.58.64 (Raymond Serres : vun 18-20 Auer)
oder per Email rr1623@gmail.com.

Frank-Florian HILKHUIJSEN