Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Grouss Botz zu Reisduerf

Reisduerf: Op Invitatioun vun der Gemengeverwaltung an mat der Zesummenarbicht vum Syndicat d’Initiative gouf de 27. Mäerz d’grouss Botz lanscht Weeër an d’Flëss an der Gemeng ofgehalen. Mat Masken, Sécherheetsjaketten, Gräifzangen, Händchen an Tuten gouf d’Arbicht duerchgefouert.Trotz dréiwem Wieder haten sech zesummen mat de Kanner 44 Persounen drunn bedeeligt. Nom Sammelen krut all Persoun e Bong vun der Gemengeverwaltung offréiert. Leider muss een feststellen, dat vill Lett kee Respekt virun der Natur hunn!

via mywort.lu

Hélène DIEDERICH