Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den Théodore Mathias huet seng 95 Joer gefeiert.

Reisduerf: Op den Dag genau huet den Théid säi 95. Gebuertsdag zesumme mat senger Famill an der Buerg zu Bollendorf gefeiert.
Den Théid ass de 24. Juli 1921 zu Ueschdref op d’Welt komm. Vu Jonktem un huet heen um Baurenhaff matgeschafft. Am Oktober 1942 huet och hee missten an den Arbeitsdienst a Polen zu Gdynia (Polnisches Haff), duerno den 13.Januar 1943 an d’ Wehrmacht zu Laun (Tschechien), Bartenstein (Ostpreussen) an bei Minsk (Weissrussland). Do war seng Eenheet agesaat fir d’Eisebunn géint Partisanen ze bewaachen. Heen hat Chance a konnt an engem „Urlaub“ am Mee 1944 desertéieren. Hee war zu Heischent an duerno a sengem Heemechtsduerf bis zur Liberatioun verstoppt. No der Rundstedt - Offensiv huet heen d’Marie Schroeder vun Houschent kennegeléiert, dat mat senger Famill bei hinnen op den Haff évakuéiert war. Si hu sech 1948 zu Houschent bestuet. Nom Krich war den Théid Hëllefsgendaarm zu Pärel an zu Tratten. Den 1. November 1946 gouf hien an der Douane agestallt zu Wasserbëlleg. Säi Beruff am Aussendengscht huet hien op Posten zu Léiler, Veianen, Hengescht, an zulescht op d‘Wuelendrëfferbréck bruecht, wou heen 1979 an d’Pensioun gung. Heen ass weider aktiv bliwwen mat Garden a Bëschaarbechten an huet bei sengen Kanner eng Hand ugepaakt. Zu der Famill gehéiren haut 4 Kanner, 10 Enkelen a 4 Urenkelen. Wéi seng Fra 2011 gestuerwen ass, huet heen de Courage net verluer. Hee féiert nach ëmmer autonom säi Stot bei enger entspriechend gudder Gesondheet.