Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Gemeng an hier Veräiner ënnerstëtzen eis ukrainesch Nopere mat vill Engagement

Eng Gemeng an hier Veräiner als gutt Virbild :

REISDUERF ënnerstëtzt eis ukrainesch Nopere mat vill Engagement

Zanter dem 24. Februar 2022 sinn eis ukrainesch Nopere vun der russescher Invasioun massiv betraff, all Dag musse si mat dësem brutale Krich géint hier Vollek eens ginn a ganz vill Léit hu missen hier Land verloossen, well si keen doheem méi hunn.

Wéi op bal der ganzer Welt sinn och hei zu Lëtzebuerg enorm vill Initiativen an Hëllefsaktiounen ugelaf, fir ukrainesch Noperen ze hëllefen, an dobäi huet och d‘ Gemeng Reisduerf an hier Veräiner e gutt Virbild ginn :


Motivéiert duerch di schrécklëch Evenementer an der Ukrain, an animéiert duerch di séier a neutral Hëllef vun de sëlleg MSF - Equippen an der Ukrain an och an de villen Nopesch-Grenzlänner, hunn net manner wéi 8 Reisduerfer Veräiner sech spontan fir op mannst 250€ pro Veräin, e puer souguer fir nach däitlech méi Suen engagéiert, fir op dës Aart a Weis dem MSF - Fonds d'urgence eng staark Ënnerstëtzung ubidden ze kënnen. Zum Schluss konnt ee kollektiven Don vu ronn 2550€ un de MSF-Fonds d’urgence iwwerreecht ginn, e staarkt Zeeche vu Solidaritéit aus private Hänn (https://www.wort.lu/de/mywort/reisdorf/news/8-reisdrefer-veraeiner-spenden-2550-un-den-msf-fonds-d-urgence-62b47a05de135b9236aee969).


An och d‘ Reisduerfer Gemeng selwer huet mat enger ganz grousser Commande vun den zënter dem 15. Mee 2022 am Ëmlaf ze fanne „Dreams-do-not-burn“ – Spezialtimberen eng substanziell Spend fir d’ Ukrainesch Rout Kräiz an hiren UKRAINE EMERGENCY APPEAL (https://redcross.org.ua/) geleescht.


All Acteuren zu Reisduerf op dëser Plaz e grousse Merci gesot fir hier Engagementer an dat gutt Virbild, wat si ginn hunn fir eisen ukrainesch Noperen an dësem brutale an nach laang net ofgeschlossene Krich ze ënnerstëtzen.


Wann och Dir nach vun de flotten an exklusive „Dreams-do-not-burn“- Spezialtimbere kafe wëllt, fir op dës Aart a Weis dem Ukrainesch Rout Kräiz ze hëllefen, kuckt fir all Detailer vun dëser privater Spendenkollekt einfach op https://www.wort.lu/de/mywort/reisdorf/news/dreams-do-not-burn-briefmarken-fuer-ukraine-emergency-appeal-ukrainian-red-cross-62d86107de135b9236777f2a.


Frank Hilkhuijsen