55-ten Pilgerdag vun de Bäcker, Pâtissieren a Mëller.
E puer wichtig Datumer an der Geschicht vun der Rochuskapell zu Rëmmerich :
D’Joer 1854. Eng schrecklich Cholera brecht zu Rëmmerich aus a si brengt Doud a Leed iwer ganz Rëmmerich. An hirem Leed hun dei Rëmmericher sech un den hl Rochus an den hl Sebastianus gewand a versprach, dass wann een vun hinnen dess Epidemie geif iwerliewen, si eng Kapell zu Eieren vun desen 2 Hëlligen géifen errichten.
D’Joer 1874, also 20 Joer mei spéit, wor et esou weit – dei Rëmmericher léisen hirt Verspriechen an – si erbauen dei éischt Rochuskapell am Duerf , an dir si duerno regelméissig Trouscht bei den hl Rochus siche gin.
A schlussendlich d’Joer 1957 wou de Syndicat d’Initiative aus dem Préizerdaul an de nationale Bäckerverband beschloss hun , zesummen eng eischt Pilgerung bei d’Rëmmericher Kapell ze organiséieren.
Päischtméindig 1961 gouf déi nei, heiteg Kapell ageweit
Dest Joer féiere mer dei 55. Pilgerung vun de Bäcker, Pâtissieren a Mëller bei d'Rochuskapell zu Rëmerich an zwar op Päischtméindig dem 28. Mai 2012.
De Syndicat d'Initiative an d'Gemeng Préizerdaul invitéieren iech ganz härzlich op dess Feierlichkeeten a wënschen schéi Pengschten