Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Réidener Schwämm begréisst den 100.000 ten Visiteur

Dëser Deeg war de Büro vun der Réidener Schwämm zesumme mat hirem Direkter, dem Jean-Claude Kemmer, ganz houfreg den 100.000 ten Visiteur fir 2019 ze begréissen. Nieft de Membere Christian Frank, Roger Gereke a Marc Rehlinger war et dem Präsident Patrick Wampach eng grouss Éier den Här a Madamm El Maizi vun Habay-la-Neuve ze begléckwënschen an hinnen e Kaddo am Wäert vu 500 € z'iwwerreechen. Dat lafend Joer war eng richteg Success Story fir d'Réidener Schwämm mat gréissere Renovatiounen, a virun allem mat der Ouverture vum spektakuläerste Rutschtuerm aus der Groussregioun. Fir d'nächst Joer si weider Investitioune geplangt, mat ënner anerem engem Basseng am Saunaberäich, sou dat d'Réidener Schwämm och fir di kommend Joren dierft beschtens opgestallt sinn.