Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Henriette Kleer- Thimmesch zum 90. Gebuertsdag gratuléiert


Réiden/ Atert: Säit Oktober 2018 verbréngt d‘Henriette Kleer- Thimmesch hire Liewensowend zesumme mat hirem Mann Armand am Réidener Altersheem, wou si viru kuerzem hiren 90. Gebuertsdag och konnt feieren. Nieft dem Home- Direkter Dany Oestreicher mat sengem Team, huet och de Buergermeeschter Pollo Bodem a Presenz vu sengen zwee Schëffe Pierre Da Silva a Christian Frank der Jubilarin mat engem schéine Blummenarrangement déi allerbescht Gléckwënsch iwwerbruecht. D’Henriette Thimmesch huet den 23. November 1931 als dat zweet vun dräi Kanner vum Nicolas Thimmesch an Elise Beck, d’Liicht vun der Welt zu Useldeng, erbléckt. D’Hochzäit mam Armand Kleer war den 19. September 1958 zu Iewerleng. Aus hirem Bestietnes ass hiren eenzege Jong Romain ervirgaangen. Haut zielen dräi Enkel- a véier Urenkelkanner zur Famill Kleer. Wärend laange Joren huet d’Henriette Kleer als Infirmière geschafft, virdrun hat si hirem Papp am Betrib gehollef . Nodeems d’Famill op Useldeng geplënnert war, huet hire Mann Armand als Chauffeur bei der Firma Robin zu Useldeng bis zu senger Pensioun geschafft. Zesumme mat der ganzer Famill ass d’Glas erhuewe ginn an op weider gesond an zefridde Joren ugestouss ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)