Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Coupe scolaire 2016 - Resultater

Nodeems d'Schüler aus dem Cycle 4 een theoreteschen Test mat Succès ofgeschloss hunn, gouf de 4. Juni gouf zu Reckéng op der Mess déi alljährlech Coupe scolaire duerchgefouert. Et hunn insgesamt 42 Schüler dorun deelgeholl.

D'Gewënner vun der Coupe Scolaire op der Strooss sinn:

Dossard 21: TONNAR Claire
Dossard 24: BARTHELS Layla
Dossard 31: ERASMY Elisa

An dëser Competitioun ass et drëm gaangen, fir ee Parcours duerch d'Duerf ze fueren an d'Verkéiersregelen richteg unzewennen.

D'Gewënner goufen mat engem Akafsbong, gesponsert vun der APERM, belount.

D'Gewënner vum Geschécklechkeetsparcours goufen jeeweils mat engem Gesellschaftsspill, gesponsert vum Verkéiersverbond, belount:

Dossard 10: KOLKES Lana
Dossard 24: BARTHELS Layla
Dossard 32: HUBERTY Niels
Dossard 35: LESCH Jonas

Um Geschécklechkeetsparcours konnten d'Schüler weisen, dass se mat hirem Vëlo verschidden Hindernisser meeschteren.

Fir déi national Finale vun der Sécurité Routière hu sech 11 Kandidaten qualifizéiert. Aus deenen 11 Kandidaten goufen per Lous 3 Finalisten gezunn. Si kruten jeeweils ee Vëloshelm, gesponsert vum ACL:

Dossard 23: ZÜGEL Nils
Dossard 20: SCHUMANN Chiara
Dossard 03: BÄNSCH Philippe

Och dëst Joer waren erëm vill Leit, déi eng Hand mat gepackt hunn. Mir soen jidderengem villmools Merci fir déi wäertvoll Hëllef!

Merci och un all d'Sponsoren: Dank hinnen huet kee missen mat eidelen Hänn heem goen. All Schüler huet én Diplom an e puer Gadget'e kritt.

(Photo: Akim Schmit)