Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Coupe scolaire 2015

De 6. Juni huet d'Elterevereenegung APERM (http://www.aperm.lu), an Zesummenaarbecht mat der Reckénger Schoul an der Mobilitéitskommissioun vun der Gemeng Reckéng op der Mess d'Coupe Scolaire organiséiert.

D'Schoulkanner aus de Cyclen 4.1 an 4.2 sinn duerch Reckéng gefuer an hunn op 16 verschidde Poste misste weisen, dass si sech sécher am Verkéier verhalen.

Donieft hu si och op engem Geschécklechkeetsparcours gewisen, dass si gutt mat hirem Vëlo eens ginn an verschidden Hindernisser gutt meeschtere kennen.

Nei war dëst Joer, dass de Start an d'Zil bei der Grondschoul waren. Esou war et méiglech, dass net all Schoulstonnen ausgefall sinn.

De 20. Juni goufen an der Turnhal, mat der Präsenz vum Schäfferot, d'Resultater bekannt ginn an d'Präisiwwerreechung duerchgefouert. All Kand huet een Diplom kritt.

Um Geschécklechkeetsparcours goufen mat jeeweils engem Veloshelm ausgezeechent:

Anna BAULESCH
Noah CLEMENT
Sandrine MICHAELIS

Bei der Coupe scolaire goufen et direkt 2 éischt Plazen an eng 3. Plaz, déi mat Geschenkbongen ausgezeechent goufen:

1. Théo WEYLAND
1. Johana ZÜGEL
3. Lily CHRISTOPHORY

D'Lous huet entscheed, dass d'Johanna ZÜGEL eis Gemeng op der nationaler Finale vun der Coupe scolaire den 5 Juli 2015 zu Biissen vertrëtt. Mir wënschen dem Johanna vill Gléck!

E grousse Merci geet un all déi, ouni déi d'Duerchféieren vun der Coupe scolaire net méiglech gewiescht wier:

de Kanner
all deene fräiwëllege Leit, déi op engem Poste oder um Geschécklechkeetsparcours waren
dem Downhill & MTB Club Reckange/Mess fir déi fachmännesch Kontroll vun de Veloën --> gitt op hire Site kucken: http://www.downhillreckange.lu
der Gemeng
dem Service technique vun der Gemeng
dem Léierpersonal
der Suessemer Gemeng fir d'zur Verfügung-Stellen vum Geschécklechkeetsparcours.
de Sponsoren
der Mobilitéitskommissioun
déi, déi hei net opgezielt goufen

D'Coupe scolaire vum nächste Joer ass den 4. Juni 2016.