Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Zu Reckeng op der Mess ass eng Méi lass

15
Sep
2018
15 Sep

D'Summervakanz steiert op en Enn zou, a wärend de waarme Wochen huet d'Gemeng Reckeng op der Mess eng ganz Rei Evenementer op d'Bee gestallt fir hire Matbierger d'Rentrée ze verséissen. Flott Aktivitéite fir Grouss a Kleng, fir Gehir, Muskel a Bauch:


Samschdes, de 15. September 2018:

World Cleanup Day 2018

An der ganzer Gemeng, ab 9.00 h


D‘Gemeng Reckeng op der Mess, mat hire 6 Dierfer, ass déi gréng Long tëschent dem Zentrum an dem Süde vum Land. Wéinst eise sëlleche Bëscher, Felder a Wanderweeër läit eis d‘Natur an hiert Wuelergoe besonnesch um Häerz.


Aus genau deem Grond huet sech d‘Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat hirer Ëmweltkommissioun dofir entscheet, beim World Cleanup Day 2018 matzemaachen. Mir wäerte Lëtzebuerg Samschdes, de 15. September 2018 weltwäit vertrieden, andeems mir Matbierger aus an ausserhalb der Gemeng versammelen, fir zesummen eng Hand mat unzepaken an eis Gemeng nach méi propper ze maachen.


Villäicht si mir e Beispill fir aner Gemengen, a Lëtzebuerg ass verstäerkt op dem World Cleanup Day 2019 vertrueden. Sécher ass, dass mir eiser Gemeng Guddes dinn. D‘Gesondheet vun eiser Ëmwelt läit an eisen eegenen Hänn an all Akt zielt, egal wéi grouss en ass. Eis Waffen si Gummishändschen an Häerzblutt.

Mir invitéieren iech dohier ganz häerzlech, dësen Dag mat eis ze verbréngen. D‘Gemeng offréiert e fairt Frühstück.


Freides, den 21. September 2018:

Informatiounsowend vum Jugendhaus

Am Centre de Rencontre "Um Buer", Sall "Quäärten", um 18.00 h


Wat ass ee Jugendhaus?

Fir wien ass et?

Wat gëtt ugebueden?

Äntwerten op dës Froen, an op nach vill anerer ginn iech déi Responsabel

an déi Jonk aus dem Jugendhaus. Si stellen iech och vergaangen an zukünfteg Aktivitéite vir. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Jiddereen ass wëllkomm!


Samschdes, den 29. September 2018:

Mobilitéitsdag a Kleedersammlung

Beim Ale Pompjeesbau (Atelier vum Service Technique)


Ab 7.30 h: E Pedibus fir d’reckenger Kanner an e gemeinsame Vëlostour aus den aneren Dierfer, fir d’Kanner moies sécher an d’Schoul a mëttes erëm heem ze bréngen. Weider Detailer kréien d’Kanner an der Schoul.

Ab 10.00 h: Kleedersammlung fir d’Organisatioun „Hëllef fir ukrainesch Kanner” (HUK)

Ab 11.30 h: Fairen Aperitif an Iessen.

Vun 12.00 bis 15.00 h: Fir déi Grouss, praktesch Ateliere ronderëm d’Sécherheet am Verkéier, an Zesummenaarbecht mam Centre de Formation des Conducteurs.

Ab 12.30 h: Animatioun an Ateliere fir Kanner (Go-Karts, Bobby-Cars, Spiller etc.)

Ab 13.30: E-Bike-Testfuere mam Asport.

Ab 13.30 h: Vëlo-Geschécklechkeetsfuere mam Downhill-Club.

14.00 h: Offiziell Aweiung vun der „Zone 30“.

Vu 14.30 bis ca. 15.30 h: Gemeinsame Vëlostour duerch eis Dierfer.


Ab dem 4. Oktober 2018:

"Moien!" - Gratis Lëtzebuergesch-

Coursen

am Pëtzenhaus zu Reckeng op der Mess, ënnert der Leedung vum Sonja Niclou


Ces cours se tiennent de façon pratique et conviviale et porteront sur des situations de la vie quotidienne. La première séance aura lieu le 4 octobre 2018 à partir de 18.30 h. Par alternance, les séances s'adressent aux débutants et aux avancés. La participation ne donnera pas droit à un certificat officiel. Infos et inscriptions auprès du secrétariat communal: 37 00 24 -1.


Den 8. an 9. Oktober 2018:

Vegetaresche Kachcours ronderem

d'Thema "Muert"

„A Millesch“ zu Lampech, ënnert der Leedung vum Annette Conrad


Kacht mat eis e vegetareschen Menü vun der Amuse-Bouche bis bei den Dessert!
Lass geet et um 18.30 Auer „a Millesch“ zu Lampech. Mir kachen zesummen a loossen eis et da gutt schmaachen. D’Participatioun vun 30 Euro gëtt op der Plaz bezuelt. U béiden Deeg steet de selwechten Menü um Programm. Opgepasst: d’Plaze si limitéiert! Infoen an Umeldungen (bis den 27. September 2018) beim Sonja Heyard-Ries um 591455.


De 27. Oktober 2018: Repair Café

Reckeng op der Mess

am Centre de Rencontre zu Eileng, vu 14.00 bis 17.00 h


Stull futti? Toaster platt? Lach am Pullover?

Ewechgeheien? An d’Dreckskëscht? Wat gelift?

Komm an de Repair Café, a mir probéiere mat dir

et erëm ze flecken.


-----


Weider Informatioune zu dësen Aktivitéite fannt dir op de Biller bei dësem Artikel, an och op der Telefonsnummer 37 00 24 - 1.


Mee domat net genuch: De groussen Halloweenslaf an de Reckenger Chrëschtmaart sti schonn an de Startlächer. Méi Informatiounen zu dëse flotten Evenementer ginn et geschwënn. Dir kënnt ennert www.reckange.lu a facebook.com/reckangemess ëmmer um Lafende sinn. Loosst iech iwwerraschen!