Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den "Eenelter Dag" gouf de 4. Juli gefeiert

Den "Eenelter Dag" gëtt all Joer den éischte Méindeg am Juli zu Recken bei Miersch gefeiert.

Dobäi geet Owes eng Prozessioun vu der Reckener Kierch erfort bis op den "Besenerbierg", wou d’ "Eenelter Kapell" steet. Si ass den Hellegen Donatus a Theobaldus vu Provins geweit a huet a hirer laanger Geschicht zanter hirer Erbauung (ëm 1140) schon esou Muenches matgemeet. Esou gouf schonns 1180 urkundlëch beluecht, dass d’Kapell d’Recht hat, all Joers um Dag no der „Kräizerhéijung“ (15. September) e Maart ofzehalen – e Recht, wat si eréischt am Mäi 1802 verluer huet, wou dëse Maart op Miersch verluecht gouf. D’Kapell wor och gläich e puer Mol verfall. Nei opgebaut gouf si 1751 an 1897, komplett restauréiert nach eemol 1997.

All Joers pilgeren eng etlech Leit bei d’ "Eenelter Kapell", an dëst Joer goufe si zudem nach mat schéinem Wieder belount. No der Andacht vum Dechen Félix Steichen a dem Abbé Pierre Habarurema hunn eng gutt Taass Kaffi mat engem Stéck d’Taart op d’Pilger gewaart.

Leider haten Onbekannter kuerz virdrun d’Blummen bei „Monument aux morts“ erausgerappt – d’Leit konnte doriwwer op esou engem Dag nëmmen de Kapp rëselen an een vun hinnen huet doropshin e Schëld dabäigestallt: „Ils nous ont pris la vie, tu nous a pris les fleurs.“

Vill Emotiounen – gudder a manner gudder – deemno um „Eenelter Dag“ dest Joer zu Recken. (Cy)