Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nationalfeierdag am klenge Krees


Rammerich: Bekanntlich konnten dëst Joer keng grouss Festivitéite fir den Nationalfeierdag stattfannen. Trotzdem huet de Schäffen- a Gemengerot aus der Gemeng Rammerich um Virowend vun Nationalfeierdag drop gehalen, fir am klenge Krees an ënnert der „sonnerie aux morts“ eng Gerbe beim Denkmal um Rammericher Kiirfecht nidderzeleeën. Bei deser Geleeënheet huet de Buergermeschter Toni Rodesch dem Grand- Duc Henri a senger Famill säin déifste Respekt an seng oprichtig Gléckwënsch ausgesprach. (CR (FOTOS: CHARLES REISER)