Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Floumaart zu Rammerich de 16. Oktober 2016

Mat vill Freed hunn d’Leit aus dem Parverband Rammerich eis nees eng ganz Rei flott Artikelen bruecht. Dëst Joer war et fir d’zweet, wou de Parverband Rammerich ee Floumaart organiséiert hat. Eis Jugendlech, déi sech op d’Firmung virbereeden hunn Hand an Hand mat eis zesummegeschafft fir eise Gäscht ee schéine gesellege Nomëtteg ze garantéieren. Merci all deenen déi do waren an op iergendeng Manéier gehollef hunn. Merci och dem Gast Kasel, deen eis eng flott Auswiel vu Photoen zur Verfügung gestalt huet.
Mat Akkordéon, Saxophon a Clarinett huet den „MICHEL“ fir eng flott Stëmmung gesuergt. Mat dem Erléis ënnerstëtzt de Porverband Rammerich de Fairness-Center a Caritas Buttek zu Réiden.