Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"Eis Kierche Verzielen"-Kiercheféierung zu Bungeref

Zënter 2012 organiséiert d’Erwuessebildung regelmässeg Kiercheféierungen uechter d’Land. E Sonndeg de 14. Juni war dat zu Bungeref de Fall. Engagéiert Leit vun do an aus dem ganze Parverband Rammerich hunn dobäi matgemaach. Nodeems den Här Constant Ansay als Vertrieder vum Kiercherot d’Begréissung gemaach hat, ass d’Kierch, déi dem Hl. Quirinus geweiht ass, an e puer Etappen virgestalt ginn.
Den Här Alphonse Ketter, ee Geschichtsfrënn vu Bungeref an senger Kierch huet an d’Vergaangenheet zréckgefouert. Hien huet d'Gebäi an di eenzel Altär virgestalt. De Parassistent Här Robert Diederich huet de Bléck op d’Liewe vun deenen Hellege geriicht, déi eng Plaz an däer Kierch fonnt haten an dat kierchlecht Liewen vun däer Zäit geprägt hunn. Am Réckbléck op di ganz Geschicht ass den Engagement vun de Leit aus der Par zum Ausdrock komm, een Engagement deen sech ënner anerem am Pilgeren gewisen huet an och haut nach weist. D’Bungerefer Kierch an d’Pilgeren waren déi Plazen, wou d’Vertrauen op den Härgott zum Ausdrock bruecht ginn ass.
Ee wesentleche Bäitrag bei der Féierung hunn d’Sänger aus dem Parverband Rammerich geleescht, déi ënnert der Leedung vum Här Gilbert Thomas an dem Organist Här Henri Grof ganz engagéiert matgewierkt hunn.
No deenen Erklärungen bestung d’Méiglechkeet, sech Massgewänner an aner Artikelen aus der Kierch méi genau unzekucken.
Ween Zäit hat, fir di Féierung a gesellecher Atmosphär ofzeschléissen, krut nach ee Patt zervéiert, deen vun der Gemeng Rammerich offréiert gouf.