Wählen Sie Ihre Nachrichten​

All drëtte Mëttwoch am Mount ass nees Rammericher Maart

No dem groussen Erfolleg vun den läschte Joeren war et nees un der Familiekommissioun an Zesummenarbecht mat der Gemeng Rammerich e " Rammericher Maart" ze organiséieren. Spontan haten sech iwert 20 Interessenten bereet erklärt, fir all drëtten Mëttwoch am Mount, an dat bis den 21. November vun 9.00 bis 12.30 Auer op der Plaatz beim Kulturzenter zu Rammerich, hir Wueren zum Verkaaf auszestellen an och dem Client unzebidden. Eng grouss Auswiel vun Haushaltsartikel, Blummen, Fleesch- an Iess wueren, Gardenartikel, Planzen , Kleeder fir Grouss a Kleng bis hin zu Dekrorationsartikel sin héi unzetreffen. Fir dat leiblicht Wuel ass och ëmmer bëschtens gesuergt. Gläich bei der Ouverture vum éischte Maart vun desem Joer, dese Mëttwoch, 18. Abrël, war et um Buergermeschter Toni Rodesch mat de Responsabelen vun der Familiekommissioun, allen Aussteller iwert dat ganzt Joer vill Erfolleg ze wënschen. (TEXT a FOTOEN: CHAREL REISER