Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Dauler Schimmelkëscht ënnerstëtzt d'ONG Komm hellëf matt Préizerdaul

Dauler Schimmelkëscht huet sech den 13. Mee 2017 fir hier Generalversammlung getraff. Dobai goufen souwuel de Caissier an de Comité no gudder Aarbecht entlaascht. De Verain steet organisatorësch an finanziell gutt do. Dëst erlaabt et dann och ee generéisen Don ze man. Um Enn vun der Generalversammlung gouf dofir ee Scheck vun 1500€ un d'ONG Komm hellëf matt Préizerdaul iwwerreegt. Matt dësem Scheck kritt eng Famill am El Salvador een Eegenheem opgeriicht, matt besserem Zougang zu Infrastruktur an Educatioun.

No der Versammlung hat den Verain dann hiert Joëresiessen am lokalen Restaurant "LeMazzo" zu Bettborn, wou sech och nach emol gutt ameseiert gouf.