Wählen Sie Ihre Nachrichten​

10 Joer Schabaudien

10 Joer Schabaudien

De läschte Samschdeg hunn d'Schabaudien, en Theaterclub vu Wahl, op hir alljäerlech Generalversammlung invitéiert.

No der Begréissung vun der Presidentin dem Martine Weber huet de neie Sekretär, Fernand Muller e kuerze Réckbleck iwwer déi ofgeschlosse Saison an een Ausbléck op déi kommend Saison ginn.

Nom groussen Erfolleg vun de läschte Joren, spillt de Club dëst Joer, de 9., 10., an den 11. November scho fir d'zéngt Kéier Theater. Fir dësen Anniversaire e bëssen ze feieren, soll dëst Joer eng kleng Broschür realiséiert ginn fir déi läscht Joren ze dokumentéieren an de Club sech e nei Logo ginn. Wéi schonn déi Jore virdrun, gëtt och dëst Joer e neit Theaterstéck vum an ënnert der Regie vum Nathalie Diedenhofen realiséiert.

Den detailléierte Rapport vum Caissier Fernando Ferreira presentéiert eng ganz gesond finanziell Situatioun vum Veräin déi et erlaabt och dëst Joer erëm een Don vun 1000 Euro un d'Associatioun Trauerwee ze maachen. (https://www.trauerwee.lu/). Fir déi generéis finanziell Ënnerstëtzung hunn D'Simone Thill an de Max Zuccoli vun der asbl e grousse Merci ausgedréckt an e klengen Iwwerbléck iwwer d'Aarbecht vun der asbl ginn.

Am Comité vun de Schabaudien sinn elo: Martine Weber, Presidentin; Fernand Muller, Sekretär; Fernando Ferreira, Caissier; Nathalie Diedenhofen, Member, Conny Kneip, Member; Mani Kaufmann, Member; John Heintz, Member.