Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Carine Sauer

Haut stellen ech iech eis Kandidatin Carine Sauer vir, dat sech berufflech an och ausserhalb vun der Aarbecht fir d'Sozialliewen zu Maacher asetzt:

Mäin Numm ass Carine Sauer. Ech hu 50 Jar a si Mamm vun 2 Kanner.

Vu Beruff sinn ech Infirmière a schaffe bei „Hëllef Doheem“ zu Gréiwemaacher. Zënter méi wéi 20 Jar stinn ech am Déngscht vu kranken an hëllefsbedürftege Mënschen. Ech kennen d’Suergen a Bedierfnisser vun dëse Leit an hire Familljen.

Duerch mäin Engagement an der Kommissioun vum 3. Alter weess ech, wéi wichteg et fir déi eeler Matbierger ass, sozial, geeschteg a kierperlech aktiv ze bleiwen
.
Als Member vum Verwaltungsrot vum „Office Social“ hunn ech erfuer, dass déi Matmënschen, déi manner Chance am Liewen haten, och Rechter hunn an Ënnerstëtzung brauchen.

Duerch meng laangjäreg Aarbechtserfahrung am Wéngert an am Gaart ass mir bewosst ginn, wéi wichteg fir mech d’Natur als Ausgläich zu menger deeglecher Aarbecht ass.

Ech sinn en oppenen a positive Mënsch. Dofir huelen ech gär un den Aktivitéite vum Maacher Gemengen- an Veräinsliewen deel. An der CSV wëll ech mech besonnesch fir d’Sozialliewen vun de Matbierger asetzen.

http://grevenmacher.csv.lu