Wählen Sie Ihre Nachrichten​

100 Joer Brennerei Schreiber- E Familljebetrib huet gefeiert

Préizerdaul: Säit 100 Joer besteet di bekannt Brennerei Schreiber zu Platen (Préizerdaul ), déi schon säit 1920 als traditionellen Familjenbetrib zënter Generatiounen funktionnéiert an zur Zäit vum Luc Schreiber, Jong aus der Famill Schreiber- Trierweiler mat Leidenschaft an vill Asatz weidergefuert gett. Fir desen aussergewéinleche Jubiläum och gebührend ze feieren, hat d’Famill Schreiber op eng Porte ouverte invitéiert. Ganz vill Leit waren deser Invitatioun nokomm, fir sech en detailléierten Abléck vum Brennprozess mat der ganzer Technik vum Schnappsbrennen an der Branntewäin Produktioun ze verschaffen. Am romantisch aménagéierten Bistro am Haff gouf et och all Zorten vu Schnaps, déi an der Brennerei produzéiert gin, nit nëmmen fir ze schmaachen awer och fir ze kaafen. Fir den Honger gouf et lecker Eisekuchen a gegrillte Spezialtéiten an och fir den Duscht war ganz gut gesuergt. Héichpunkt vum Dag war ouni Zweifel d’Virstellung vum groussen Geburtsdagskuch wou et fir de Chamberpresident Fernand Etgen eng grouss Éier war, desen och opzeschneiden an d‘Famill Schreiber félicitéiert huet, fir eng fréier Traditioun vum Schnapsbrennen an der heitiger Zäit nach weider virun ze féieren. Mat flotter Ënnerhalungsmusek vum Claude Geisen ass dunn bis an di fréi Mueresstonnen och nach kräftig op di 100 Joer Brennerei Schreiber gepröbelt gin. (CHARLES REISER)