Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Île aux Clowns op Besuch am Hospice Civil am Pafendall

D'Spidolsclowne vun der Île aux Clowns asbl hunn e weidere Spektakel am schéine Gaart vum Hospice Civil am Pafendall ginn an de Bewunnerinnen a Bewunner souwéi dem Personal e flotte Moment bei beschtem Wieder geschenkt. Um Programm stoungen däitsch, franséisch a lëtzebuergesch Klassiker, déi mat Humor virgedroe goufen, dat Ganzt am Respekt vun de sanitäre Reegelen.