Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LBF - Reprise vum Championnat

No der annoncéierter verlängerter Wanterpaus vum 30.12.2021 déi als eng Präventioun fir Sécherheet wéinst der héijer Zuel vu Covid Infektioune war wubéi dat schlëmmst glécklecherweis konnt verhënnert ginn, huet de Comité vum LBF decidéiert d'Sportsaison 2021/2022 erëm opzehuelen an dëst ab dem Donneschdeg 24.02.2022.


De Seat-Winandy Clubchampionnat (SWCC) souwéi den individuelle Championnat sinn a bleiwe prioritär fir fäerdeg gespillt ze ginn. D'Coupe du Président, Coupe LBF an de Best of 6 gin och ausgedroen. D'Superleague huet leider missen aus dem Kalenner gestrach ginn.

D'Neijoerschturnéier vum 9.01.2022 wat jo bekanntlech annuléiert gouf, gëtt ersat a Form vun engem Ouschterturnéier wat den 3.04.2022 gespillt gëtt. Et koum och nach en neit Turnéier dobäi wat ënnert dem neie Punkte System (Current Frame Scoring) gespillt gëtt an dëst Turnéier gëtt gespillt den 19.06.2022. Dësen Tournoi ass eng Première fir Lëtzebuerg a seng Groussregioun, well dëse System vu World Bowling erschafft gouf en vue fir de Bowling an d'Olympesch Spiller z'integréieren. Dëst versprécht méi Spannung an Transparenz fir Zuschauer bei engem Event. Bis dato koum dëse Spillsystem leider just op e puer groussen Internationalen Turnéier a bei de Pros zum Asaatz. Dësen Datum ass deementspriechend ze markéieren.


De Comité seet all senge Membere Merci fir hiert Verständnis a wënscht
eng gutt a gesond Fortsetzung vun der sportlecher Saison.

De Comité vun der LBF.