Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LBF - Finale vum SWCC 2021/2022

Den SWCC (Seat-Winandy Club-Championnat) 2021/2022 ass gespillt.

Champion an der Divisioun d´Honneur goufe Punktgläich d´Panthers Gold mat de Squirrels. Panthers Gold konnt awer den Titel feiere bedéngt duerch e bessert Total-Scratch Resultat. D'Reptiles 1 wou de Schluss vun der Tabell besetze falen an Divisioun Promotion zeréck.

An der Divisioun Promotioun konnten d'Blues Brothers den Titel séchere virun de Panthers Black. D'Blues Brothers klammen deementspriechend erop an Divisioun Honneur.

Di 6 bescht Eenzelwäertungen am Scratch an am Handicap (wubei de Scratch Prioritär ass) si qualifizéiert fir eng weider Eenzel Finale di zu Pétange ënnert der Disziplin "Best of 6" den 16.06.2022 ausgedroe gëtt.

Weider Detailer op www.luxbf.lu