Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’ Amicale vun der Seniorie St Joseph vu Péiteng feiert seng 30 Joer.

Et sinn elo 30 Joer hier zënter den Här Georges d'Huart, den Här Paul Berg an den Här Paul Molitor, Virgänger vun der Madame Eugénie Derume, Presidentin, d’ "Amicale vun der Seniorie St. Joseph Pétange", Member vun dem ZithaSenior Grupp, gegrënnt hunn.

Den 30. August huet d’Amicale vun der Seniorie St. Joseph vun Péiteng seng 30 Joer zesummen mat de Bewunner an de Vertrieder vun der Gemeng, d’ Madame Raymonde CONTER-KLEIN an den Här Romain MERTZIG, gefeiert.

Et ass mat grousser Freed, datt den Här Sandro COLLARINI, Préposé à la Direction vun der Seniorie, der Madame Eugénie Derume, Presidentin vun der Amicale an all hir Memberen hiren Dynamismus, hir Engagementer an hir Investissementer während all deene Joeren begréisst huet.

E grousse Merci der Amicale am Numm vun de Bewunner an dem Personal vun der Seniorie St. Joseph vu Péiteng fir hiert Bénévolat an hir vill Aktivitéiten während dem ganze Joer wéi zum Beispill d'Gebuertsdegsfeier vun den Bewunner, d' Ausdeelen vun Geschenker fir Ouschteren, Chrëschtdag, Mammendag a Pappendag, d’ Rees op der Marie-Astrid, d’ Ausflich an den "Parc Merveilleux" zu Beetebuerg, an déi vill verschidden aner Aktivitéiten ...

D' Amicale huet och grouss Investitioune an deenen leschte Joeren gemaach wéi d’ Finanzéierung vun zwee Minibussen, d' Realiséierung vun engem therapeutesche Gaart an der Seniorie dat de Bewunner erméiglecht hiert Gläichgewiicht ze trainéieren am Kader vun engem Programm " Stirzprophylaxis " an " Gank Aktivéierung " wéi och e " Snoezelen Raum", deen fir d' Entspanung agesat gëtt.

E perséinleche Kado, gemeet vun den Bewunner vun der Seniorie, gëtt un all d’ Memberen vun der Amicale als grousse Merci offréiert an am selwechte Sënn gëtt der Amicale e Bild iwwerreecht an deem un déi 30 schéin Jore erënnert gëtt.