Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chèque un d’ Amicale Seniorie St Joseph Péiteng

Den 23. August 2020 huet déi lescht Generalversammlung vun der « Association des Retraités des CFL « , gegrënd den 11. November 1934, eestëmmeg entscheet de Veräin opzeléisen an de Keese Fong eiser Amicale gutt ze schreiwen. Des Iwwerréschung huet dunn den 30.09.2020 a Präsenz vun den leschte Memberen vun der Associatioun a vun der Amicale vun der Seniorie St Joseph Péiteng offiziell stattfonnt.

Mat grousser Fred huet d’ Mme Eugénie DERUME am Numm vun der Amicale dëse Chèque ugeholl, an sech bei den ex Memberen fir hir grousszügeg Spent bedankt iert en Éierewäin offréiert gouf.