Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eng mäerderesch Wein-Degustatioun zu Péiteng

25
Nov
2022
25 Nov

Och dëse Wanter gëtt zu Péiteng am Home nees Theater gespillt, an zwar den 25.11/26.11/27.11./2.12./13.2. Dës Kéier huelen Theaterfrënn vu Péiteng Iech mat op eng mäerderesch Wäin-Degustatioun, ee lëschtegen a spannende Krimi an 3 Akten, fräi an d'Lëtzebuergescht iwwerdroen vum Raymond Kimmes.

Eng schéin al Theatertraditioun gëtt deemno weider gefouert.

"Sprëtzeg op der Zong an toxisch am Ofgang" kann een dëst neit lëtzebuerger Theaterstéck och nach resüméieren. Wien Loscht op ee flotten a spannenden Owend huet, dee soll dëse Rendez-Vous net verpassen. Et gëtt garantéiert vill ze laachen, an et bleift spannend bis zum Schluss!

Nei dëst Joer ass, dass ee seng Plaatzen och kann online reservéieren um Internet-Site www.theaterfrennpeiteng.lu. Do fënd een och weider Informatiounen.

Selbstverständlech kann een dat och wéi gewinnt telefonesch maachen um 691 460 084 tëschent 16.00 an 20.00 Auer.

Di lëschteg an dynmesch Equipp vun den Theaterfrënn vum Péitenger Home freet sech op äre Besuch.