Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Si hu sech erëmgesin

Ettelbréck. Déi Dammen, déi virun 50 Joër am Pensionnat Ste. Anne den Ofschlooss vum 1.Commerce gemaach hun, hatten den 16. Juni hiren traditionnellen Konveniat. Rendez-vous war am Pensionnat. Do si se ganz häerzlech vun der Schwester Rita empfaangen gin, déi hinnen a villen Detailler den aktuellen Fonctionnement vun der Schoul, der Ecole Privée Sainte-Anne, méi no bruecht huet.

Bei lëschteger Stëmmung a bei engem exzellente Menu am Restaurant Lanners si weider vill schéin Erënnerungen opgefrëscht gin. Si hoffen sech all frou a monter an e puer Joër erëmzegesin.