Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Dräi Lëtzebuerger beim World Youth Peace Summit

No engem laangen Fluch, an e bessi Verspéidung zu Washington, sin ech mat zwee aneren lëtzebuergechen Meedecher den 25. Juni 2011 owes bei der University of Hartford CT ukomm.

Den nächsten Daag hunn WORLD SCHOLAR ATHLET GAMES ugefaange, wou mir moies ëmmer eis Sportart, respektiv eis Konscht haten. Mäin Theatercours war Improvisatioun an war wierklech witzech! Mier haten souguer eng 'Night of improvisation'!

Nomëttes waren ëmmer Rieden an herno Diskussiounsronnen doriwwer!

Uschléissend konnt en bei Workshops matmaachen, déi awer op fräiwëlleger Basis waren. Ech hunn während 4 Deeg den 'Plowshare International' Workshop gemaach, woufir ech mech schonns am Viraus ugemellt hat! An dësem Workshop huet en geléiert, wei en en Streit kann analyséieren an léisen!

Owes gouf ët nees Rieden, an souguer en Concert vun der Band 'Dispatch'! Nodeems gouf ët eng Trommelronn, respektiv eng Disco.

No den éischten 5 Deeg op der University of Hartford hun World Scholar Athlete Games opgehaalen an den WORLD YOUTH PEACE SUMMIT huet ugefaangen!

Moies waren ëmmer Rieden, déi zum Deel wirklech interessant waren, an heiansdo och bëssen manner. Et ass während denen Deeg haaptsächlech em Fridden an Frëndschaft gaangen.

Nomëttes goufen ët dann rëm Workshops, déi en raussiichen konnt an vun denen en der 2 obligatoresch huet misse maachen.

Owes goufen ët nees Rieden, iwwert Google an Facebook. En Owent war souguer den Colin Powell do, den ech perséinlech kenneléieren konnt fir him mäin Wee fir Friiden ze verbreeden z'erklären! Nëmmen 10 Participanten haten dës Eier. Et huet en missen en klengen Paragraf iwwert d'Verbreedung vum Fridden an sengem Land ofgin an ët sinn der dann 10 erausgesicht ginn. Den ganzen Interview vun denen 10 Schüler mam Colin Powell war viru sénger Ried an ass natiirlech gefilmt ginn an Päsenz vun puer Journalisten.

No denen 5 Deeg war dann d'Ofschlossfeier, bei denen dunn d'Dänzer, den Orchester an d'Sänger gewisen hunn, wat si geléiert hunn während denen 10 Deeg. Ganz zum Schluss sinn dunn d'Fändelen vun all den Natiounen vun der Welt ausgedeelt ginn, an all d'Nimm vun den Natiounen goufen vun idwerengem haart nogesot mat dem Gedanken, dass an all denen Natiounen Fridden soll sinn. Dëst war wirklech een vun den schéinsten Momenter, déi ech an Amerika erlierwt hunn, an den ech nët esou schnell vergiessen wärt! Et war wirklech GENIAL!

Dunn gouf ët nach en groussen Barbecue, bei dem een dann nach déi lescht Momenter mat der rieseger Famill, déi do an denen puer Deeg zustan komm ass, genoss huet!

Nächsten Moien war ët dunn souwäit fir Äddi ze soen, waat idwerengem wirklech Leed gedoen huet an wou méi wéi nëmmen eng Tréin gefloss ass.

Dunn ass ët nees zréck op Lëtzebuerg gaangen, wou een natirlech schonn d'Famill an d'Frënn vermësst huet, mee op dem Wee fir zréck, huet een schonn all déi genial Leit vun der University of Hartford vermësst. Zum Gléck gëtt ët Facebook an Skype!

WSAG/WYPS waren eng eenzegaartech an onvergiesslech Erfahrung! D'Ambiance wur einfach nëmmen flott an ech hunn vill nei Leit an Kollegen aus lauter verschiddenen Natiounen kennegeléiert! An d'WSAG 2013 an Irland sinn schonn am Terminkalenner agedroen!

Op dëser Plaatz wëll ech der Amerikanescher Ambassade vun Lëtzebuerg villmols Merci soen fir dës onvergiesslech Zäit an Amerika! Ech wëll och dem Här Direkter, sou wéi mengen Proffen, vum Lycée Josy Barthel Mamer villmols Merci soen, dass ech fräigestallt konnt ginn an dat mat den Prüfungen keen Probleem war!

Villmols Merci!

Jerry Hilgert

Weitere Neuigkeiten von Jerry Hilgert >