Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D´Dory an den Adolphe Wildgen -Thill vun Ouljen feieren hir Göllen Hochzäit

Den 18.10.1967 huet sech den Adolphe Wildgen vun Ouljen mam Dory Thill vu Koplescht bestued.Vun do un wunnen si zu Ouljen an hun hire Bauerebetrieb geleet. Hir 2 Jongen Marco a Jean-Luc hun de Betrieb vergréissert, awer de Papp kann nach ëmmer säi Pefferkär beidroen. De Jean- Luc ass bestued mam Tania Hansen, dat 2 Jongen, de Alex an den Tom mat an d´Bestietnes bruecht huet. Dëser Deeg konnt d´Koppel Dory an Adolphe hir Göllen Hochzäit feieren. No enger feierlecher Mass an der Kapell op der Gischterklaus,zelebréiert vum Här Paschtouer Guy, zesummen mam Eberhard a senger Fra, huet d´ganz Famill sech am Restaurant getraff an e schéinen Nomëtteg verbruecht.