Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Al Hausnimm an eisen Dierfer

Ausstellung am Centre Culturel ‚Am Medepull‘ zu Éiter.
Bei dëser Ausstellung geet et ëm déi al Hausnimm an den Dierfer Conter, Moutfert, Méideng an Éiter (all Gemeng Conter) a Schraasseg (Gemeng Schëtter/Par Éiter).
Fréier hate ganz vill Haiser an eisen Uertschaften en eegenen Hausnumm, dee net onbedéngt mam Familljenumm vun de Leit, déi dra gewunnt hunn, iwwerteneen gestëmmt huet. Dogéint sinn d‘Awunner awer meeschtens an der deeglecher Ëmgangssprooch mam Hausnimm amplaz mat hirem Familljennumm genannt ginn. Huele mir d’Beispill vun engem Mann, dee Jean Muller geheescht huet an am Haus mam Numm „A Schmatts“ gewunnt huet. Dat war einfach de „Schmatts Jang“. Datselwecht ass op d’Fraen zougetraff, andeems beispillsweis eng Fra, déi als Anne Schmit gedeeft war an am Haus „A Wonesch“ gelieft huet, deemols fir d’Leit einfach als “Wonesch Anna“ gegollen huet.
Mam Urspronk an der Bedeitung vun den Hausnimm, deeër et net eleng zu Letzebuerg gëtt, mä zum Beispill och nach haut fir gréisser Bauerenhäff an Däitschland, Éisträich an der Schwäiz, beschäftegen sech d’Sproochwessenschaftler an Ethnologen.
An dëser Ausstellung ginn déi Haiser a Wuert a Bild ernimmt, déi an deene verschiddenenen Dierfer nach méi oder wéineger an hirer ursprénglecher Form an op derselwechter Plaz bestinn. Zu dësem Sujet haten d’Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall de Spezialist fir lëtzebuerger Sprooch Lex Roth op eng Konferenz gelegentlech vum Vernissage den 30. Oktober invitéiert. Déi ronn 50 interesséiert Leit sinn an engem flotten Exposé iwwer weider Détailler zu den Heiser an hiere munnechmol kuriéisen Nimm informéiert ginn.
D’Ausstellung ass nach op:
de 07.11.2014 vun 19.00 bis 23.00 Auer,
den 08.11.2014 vun 19.00 bis 23.00 Auer an
de 16.11.2014 vun 11.00 bis 18.00 Auer.
Interessenten un de d’Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall kënne sech gäre fir weider Informatiounen ënnert der Nummer 621 496 546 mellen.