Wählen Sie Ihre Nachrichten​

2018_12_16 Gala Flic Flac 2018 - "Oscars"

Laut dem begeeschterem Publikum huet den dëssegjärege Gala vum Flic-Flac Déifferdéng dee vum leschte Joer iwwertraff. Zemools d’Filmmuseken hunn dozou bäigedroen, dass d ‘Leit eng onvergiesslech Oscarnuecht erlieft hunn.


Turn Sektiounen:


De Baby Gym gëtt geleet vum Joëlle Bauler an eis jéngsten Turner ginn trainéiert vum Fatima Braganca, Dana Vispi, Cilia De Marini, Cassandra Pejkovic, Noé Leisen a Cristiana Pedroso. Juniore stinn ënnert der Leedung vum Tamara Cabral, Laetitia Ramos, Anne Plumat a Jessica Mausen, a Seniore vum Nora Krings, Sabrina Specchio, Jill Ciancanelli, Christian Sappada. Eis leschten Turn Sektioun, Minis a Juniors compétitioun, ginn trainéiert vum Claudia Fery, Nora Krings, Sabrina Specchio, Jill Ciancanelli, Nora Nardecchia a Joeleen Freymann.


Danz Sektioun:


D’Carole Luzi trainéiert déi klengste vum Modern Dance, d’Isabelle Leoci an d’Ophélie Marinha hunn den Modern Dance moyen an d’Melanie Domingues de Modern Dance débutant an anvancé. Den Zumba steet ënnert der Leedung vum Nathalie Schmal an den HipHop vum Laura Mosca. Den Jazz débutant a moyen gëtt trainéiert vum Soraya Santos an den Jazz adultes vum Laetitia Boes. Eis leschten Danz Sektioun, den Freestyle, gëtt trainéiert vum Jill Ciancanelli.


Säit dëser Saison huet de Flic-Flac och 2 nei Gruppen. Déi éischt ass den Showteam, déi sech turneresch an dänzeresch bewisen hunn. Si stinn ënnert der Leedung vum Daniel Curado an Christian Sappada. Cheerleader Spirits, geleet vum Michelle Peters a Laetitia Ramos, hunn spektakulär Stunts an eng energesch Choreographie zesummen gestallt. Béid Gruppen hunn de Publikum an hire Bann gezunn.


Zum Schluss dierfe d‘Pyramiden och net feelen. Säit 5 Joer, ënnert der Leedung vum Sabrina Specchio, ginn si ëmmer erëm vum Veräin an de Leit duerch hier Ausergewéinlechkeet gelueft.


Wann Dier och intresséiert sidd an emol an en Kur schnupperen kommen wëllt, fannt Dier all Informatiounen ob eisem Internetsite: http://flic-flac.lu oder ob Facebook.


Dier kennt eis och gären per E-Mail kontaktéieren: flicflac.deifferdeng@gmail.com