Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vizfest ewéi fréier.

E Vizfest ewéi fréier? A wou gëtt et dat dann nach?

„Ma beim Gaart an Heem, zu Uewerkäerjeng….“

Esou geschitt, bei schéinstem Hierscht-Wieder, um éischte Samschdeg am Oktober: an deem klenge Parc virun hirem Lager an der Schoulstrooss hate kleng a grouss e gellegen Furri fir zockerséiss Äppel – e ganzen Unhänger voll - zu säftegem Viz ze kelteren an fläissegen Dammen nozekucken, wéi déi op der Plaz frësch gebaken Äppelklätz an Taarten aus dem Uewen gezunn a fir ze schmaachen ugebueden hunn.
Wat net scho längst virdrun mat heem geholl oder op der Plaz verdillegt gi war, gouf op Wonsch gären heem geliwwert. Och déi verschiddenen Zorten hausmaacher Gebeess an deen selwergemaachenen Limoncello woussten zuelräiche Gäscht ze iwwerzeegen. Vill hunn sech Zäit geholl, fir an entspaanter Atmosphäre e gudde Maufel mat engem Patt ze genéissen an esou richteg gutt mateneen poteren ze kënnen. No deem Succès freeën mir ons schonn elo op déi kommend Editioun vun dësem flotten Rendezvous.