Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Hausmaacher Sauerkraut beim „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“

Bei enger gudder Schwéngshax, frësch aus dem (selwergebautenen) Smoker opgedëscht, zerwéiert a mat gebrodene Gromperen an hausmaacher Sauerkraut opgedëscht, ..., do geroden se dëser Deeg beim „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ gären an d’Schwäermen.

Dofir haten si sech dëst Joer am Gaart hiren eegene Kabes erugezunn. Mëtt Oktober hunn se dësen dunn - am klenge Park virun hirem Lager - zu frëschem Sauerkraut verschafft. No botzen, wäschen, schneiden, huwwelen, knieden, wierzen, stampfen, ofdecken a verschléissen, gëtt dëst elo, ganz klassesch an natierlech an téineren Gärdëppen - dank Milchsäuregärung - konservéiert an dann gelagert.

Ze schmaachen oder gären och ageweckt fir mat heem ze huelen gëtt et dëst leckert Wantergeméis elo geschwënn: vum 10 bis zum 12 Dezember, bei Geleeënheet vun deem dësjäregen lokale Chrëschtmaart zu Käerjeng, wéi uewen ugekënnegt, mat dozou passender Begleedung.