Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ begréisst d’Fréijoer vun 22.

Gutt gelaunt hat et déi vum „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ um 1 Mee bis op Grass an de Bësch verschloen. Aus deem wat hei zesummegedroen ginn ass, hu fläisseg Hänn am Nu zwee schéiner Meekränz gebonnen, allebéid grouss ewéi e Plourad : een éischten ass gläich iwwer der Agangspaart vum Veräinslager opgehaangen ginn an dunn ass et bis bei d’Tresorière an de Sekretär heem gaangen. Déi haten invitéiert an hu gegrillt. Deen zweeten war - spéitstens um Heemwee - net méi ze iwwersinn, en hänkt elo ëmmer nach do : un der Hausdier.