Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nuit de l'église zu Nouspelt

Am Kader vum "Weekend vun den oppene Kierchen", hat de Parverband Mamerdall op séng traditionell "Nuit de l'église" invitéiert, dëst Joër an d'Kierch op Nouspelt. D’Kierchen an d’Kapellen si säit jehir e konkreten Ausdrock vun eisem chrëschtleche Glawen an eisen Dierfer a Stied; si stinn op ville Plazen emmer nach am Mettelpunkt vum Duerf oder vun der Stad. Dofir ass et derwert sech des Gebeier och mol méi genee unzekucken. Dest war méiglech bei der "Nuit de l'église", bei däer ganz vill Leit matgewierkt hunn an och ganz vill Leit kucke komm waren. An der Kierch gouf et eng Ausstellung iwwer d'Geschicht vun der Par a vun der Kierch, de Kiercheschatz gouf gewisen, souwéi och d'Messgewänner an aner Paramenten. Den Ed Kandel huet intressant Führungen duerch d'Kierch gemacht, de Fernand Kieffer huet d'Uergel presentéiert an d'Blummenequipe huet hier Arbecht virgestallt. Letztendlech war och dofir gesuergt, datt keen hongreg oder duuschtreg misst heemgoën, et gouf Kaffi a Kuch zerwéiert oder et hat een d'Méiglechkeet de Masswäin ze schmaachen. Et war rem eng Kéier eng gelongen "Nuit de l'église" an dat och dank der Matarbecht vu ganz ville Leit aus der Par Nouspelt!