Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Volle Succès um bayreschen Owend zu Nidderpallen Deel 1

D’Nidderpallener Veräiner haten fir den 25. Oktober op e bayreschen Owend invitéiert. Vill Leit koumen an hiren Truechten an Lederhosen an hunn sech Haxen, Hendl, Weisswurscht a Bretzen gutt schmaache gelooss. De ganzen Owend a bis an de fréie Mueren eran gouf gedanzt a gesong an den Weizen- a Festbéier huet aus der Klensch besonnesch gutt geschmaacht. Déi Jonk an déi manner Jonk Veräinsleit hun sech all Méi gin, fir hir Gäscht ze verwinnen. Et war de ganzen Owend iwer eng super Ambiance a mer hunn eis Rendez-vous ginn fir de bayreschen Owend 2015.