Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mëllech Tankstell bei Sangers-Majerus zu Nidderpallen

E Méindeg, den 10. August 2015 huet d’Famill Sangers – Majerus hier Mëllechtankstell a Betrib geholl. Dir kënnt do selwer, frësch Mëllech vun der Kou aus engem Automat zapen an dat 24/24 Stonnen a 7/7 Deg . Fläschen vun 1 Liter fir 1.50 € stinn zur Verfügung, der kënnt awer och är eegen matbréngen. Frësch Eeër vum Gefligelhaff Arend-Diederich vun Nidderwampech stinn och zum Verkaf.

Esou Geht et :

1.Euro‘en an den Automat werfen
2.D‘ Fläsch déi der matbruecht hutt, oder hei kaaft,
ënnert de Krunn stellen.
3.D‘ Start/Stop Tast drécken
4.Wann d‘ Fläsch voll ass oder ze vill Schaum drop ass, *
nach emol d’Start /Stop Tast drécken.
5.Entweder nach eng Fläsch fëllen oder
6.Change – Taste drécken fir d‘ Wiesselgeld

* Bei 2 € no 1 Liter Start/Stop drécken
dann 1 nei Fläsch fëllen oder Change –Taste drécken fir Wiesselgeld zréck ze kréien

Facebook : Mëllech Tankstell bei Sangers-Majerus zu Nidderpallen