Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Grillfest & Hobbymaart den 1. Mee 2014

Virun engem Joer haten déi Responsabel vun den Nidderpallener Veräiner, Dëschtennis, Chorale Caecilia a Jhangelisfrënn, d’Iddi, fir niewent dem Grillfest een Hobbymaart ze organiséieren. Domatt haten si voll an d’Schwaarzt getraff, et gouf ee groussen Erfolleg. Also war et normal dass direkt nom Hobbymaart vun 2013 ugefange gouf, den Hobbymaart matt Grillfest 2014 ze organiséieren. An de de leschten Donneschdeg, 1. Mee, war et souwäit! An de Wisen, rondrëm de flotte Site bei der restauréierter Nidderpallener Jhangelis-Gare, waren ronn 50 Stänn opgebaut, wou Leit aus alle Géigenden vum Land hier Hobby’en gewisen hunn, a wou d’Besucher sech konnten ee Bild maachen iwwer dat, wat Mënschen an hirer Fräizäit esou als Hobby hunn. Natierlech stoungen och Hobby-Kreatiounen, dorënner vill richteg flott Konschtwierker, zum Verkaf. Alles opzezielen a virzestellen géif sécher de Kader vun dësem Artikel sprengen. Dofir hei emol eng kuerz Oplëschtung vun den Hobbyen, déi virgestallt goufen: Molerei, Fotographie, Glas- Keramik- Steen- Holz- a Metall-Aarbechten, Kuerfflechten, Schnëtzen, Skulptéieren, Schmiden, Schweessen, Spannen, Wiewen, Bitzen, Strécken, Heekelen, Filzen a Villes méi. D“Meute der Morigan“, e Mëttelaltergrupp, huet de ganzen Dag iwer gewisen, wéi en Dag am Mëttelalter ausgesinn huet. Déi hobbyméisseg Hierstellung vu Kraider-a Gewürzessig an -öelech, Likören an Hunneg huet ee klengen Exkurs an d’Hobby-Kulinarikerméiglecht An do si mir schonn beim 2. Thema vum Dag: Zu engem Fest zu Lëtzebuerg gehéiert eben och Iessen an Drénken, an dofir war zu Pallen natierlech beschtens gesuergt. Schliisslech sinn déi 2 Saachen bei esou Muncherengem den Haapt-Hobby. De ganzen Dag sinn de Grill an d’Wafeleisen op Héichtouren gelaf, an d’Jugend vun de Veräiner huet sech matt grousser Begeeschterung ëm de Kropemannsbistro an de Schampesstand bekëmmert. D’Ustrengungen vun den Organisateuren goufe belount! D’Aussteller, an och de Publikum, hunn sech net duerch déi puer Reeschaueren ophale gelooss, fir een Tour iwwert de Maart ze maachen, oder fir Famill, Frënn a Bekannten ze treffen, a gemittlech ee gudde Maufel z’iessen oder ee kille Pättchen ze drénken.
Et huet een um Enn vum Dag verlauschtert, dass déi Paller Veräinsleit zefridde waren mam Verlaf a mam Resultat vum Dag, an dass si direkt ufänken den Hobbymaart 2015 ze preparéieren. Rendez-vous also den 1. Mee 2015 zu Nidderpallen bei der Jhangelis-Gare!