Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fest vun den 2 Garen zu Nidderpallen an zu Näerden.

Am Kader vun “25 Joer Jhangelisfrënn Nidderpallen“ war e Sonndeg, den 10. Juli, vun 10 bis 18 Auer, bei wonnerbarem Wieder, d’ Fest vun den 2 Garen zu Nidderpallen an zu Näerden.
De ganzen Dag iwwer hunn Retrobus an den ale Stater Bus Navette Nidderpallen/Näerden gemaach, nomëttes konnt een den Tour och mat enger Päerdskutsch maachen.
Zu Nidderpallen an der Gare konnt een déi nei Fotosausstellung kucken, zu Näerden an er Gare de Musée an och Retrobus an Frënn vun den ale Stater Bussen haten Stänn. Zu Nidderpallen konnten d’Leit de Biekerecher Traktersfrënn hir Oldtimer -Trakteren bewonneren.
Bei der Gare zu Nidderpallen gouf et de ganzen Dag Gedrénks a Gegrilltes an zu Näerden gouf et Eisekuchen, Kuch a Kaffi.
Dat Ganzt war organiséiert vun de Jhangelisfrënn Nidderpallen an de Frënn vun der Atertlinn.