Wählen Sie Ihre Nachrichten​

BESUCH VUN OLDTIMEREN ZU NIDDERPALLEN BEI DER JHANGELIS GARE

Den Veteran & Vintage Car Club Luxembourg gouf am Joer 1970 gegrënnt an huet haut 217 Memberen. Den Club huet den 2.7.2016 en Tour de Luxembourg organiséiert an dobäi waren Oldtimeren vun 1919 bis 1970. Si sinn zu Kolmer-Bierg fort gefuer , sinn dunn ob Näerden d’Gare kucken gaang, dono sinn si ob Nidderpallen bei Gare sech ‘’erfrëschen’’ komm. No der Visite vun der Jhangelis Gare ass den Club ob Harel bei Sheila gefuer fir zu Mëtteg iessen. Nom Iessen ass et weidergaang laanscht den Stau an dono sinn si zeréck ob Kolmer- Bierg gefuer an hunn um Circuit nach e puer Ronnen gedréint.

(TEXT/Foto: Eric Heimermann)