Wählen Sie Ihre Nachrichten​

klibberen 2020 vun doheem aus

10
Apr
2020
10 Apr 11 Apr

Léif Alleguer,

Duerch eis aktuell Situatioun am Land ass jo keen traditionellt “Kilibbere goen duerch d’Stroossen/d’Dierfer” virgesinn. Dëst kann een am Communiqué vum 20.03.2020 aus dem Bistum däitlech noliesen. Et ass eng Entscheedung déi an eiser momentaner Aktualitéit och ganz kloer nozevollzéien ass. Jidderee soll jo sou wäit et nëmme méiglech, ass “Doheem” bleiwen fir sech an d’Matmënschen ze schützen.