Wählen Sie Ihre Nachrichten​

PERRARD hëlleft : 10.000 € fir ALAN –Maladies Rares Luxembourg

Och dëst Joer huet d’Baufirma Perrard vun Niederanven nees een Don fir den Gudden Zweck gemaach. Ee Scheck iwwer 10.000€ ass un ALAN – Maladies Rares Luxembourg gaangen, eng Associatioun déi sech als Ziel gesat huet d’Liewensqualitéit vun Léit, Kanner, Erwuessenen, Famillen ze verbesseren, déi vun enger rarer Krankheet betraff sinn. Et ginn schätzungsweis 7.000 verschidden rare Krankheeten an zu Lëtzebuerg sinn eng 30.000 Leit dovunner betraff.