Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Héije Besuch op der Ausstellung "Lëtzebuerg an den éischte Weltkrich"

Um Donneschdeg, den 15. Juni konnt d'Gemeng Käerjeng de Grand-Duc Henri an de Grand-Duc héritier op der Ausstellung "Lëtzebuerg an den éischte Weltkrich" begréissen. Haut um Méindeg war de Grand-Duc Jean op Besuch an der Hal 75 zu Nidderkäerjeng an konnt sech déi wertvoll Dokumenter, Fotoen a Filmer aus dem Grouesse Krich ukucken. Derbai war och eng Klass aus dem LTPS.