Wählen Sie Ihre Nachrichten​

„Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ ënnerstëtzt „Käerjeng hëlleft“ mat Don.

Am Kader vun deem 5. „Käerjenger KonschtTreff a lokalée Maart“ huet de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ kierzlech der Associatioun „Käerjeng hëlleft“ een Scheck an Héicht vun 850,00 Euro iwwerreecht. Si spenden domat déi integral Recetten vun hirer dësjäreger Grill-Aktioun virum Cactus Bascharage fir de gudden Zweck, dës Betrag gouf no uewen opgeronnt. „Käerjeng hëlleft“ ënnerstëtzt Mënschen an Nout, esouwuel zu Lëtzebuerg, ewéi och am Ausland. De „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ ënnerstetzt „Käerjeng hëlleft“ a weist sech hei eng weider Kéier solidaresch.