Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fréijors Botz Käerjeng

D‘Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Käerjeng hat an Zesummenaarbecht mat de Gemenge Servicer e Samschdeg, 30. Mäerz op d'Fréijors Botz invitéiert. Iwwer 160 Leit waren am Asaz fir déi 5 Uertschaften aus der Gemeng Käerjeng propper ze halen.

No enger Taass Fairtrade Kaffi an enger Mëtsch konnt et lass goen, fir laanscht d’Stroossen, Feld- a Spadséierweeër den Dreck op ze rafen. Virun dem wuelverdéngten Ierbsebulli goufen eng Rei Fotoen geknipst.

E grousse Merci alle bedeelegte Privatleit an de Veräiner UN Käerjeng’97, DT Lénger, Ensemble vocal Vivace, Féngeger Jugend, Guiden a Scouten Käerjeng, Käerjenger Bouwen, Käerjeng hëlleft, AFPL, DP Käerjeng a Fitness Club Käerjeng!