Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Béiergaart vum Handball Käerjeng

De leschte Weekend hat den Handball Käerjeng säin traditionellt Bëschfest zu Käerjeng am Bommertbësch organiséiert. Dëst Joer awer an enger neier Form an ënnert engem neie Numm : De Béiergaart.

Bei guddem Wierder ware vill Leit präsent fir sech de neie Konzept unzekucken an e puer flotter Stonnen am Béiergaart ze verbréngen. Nei Dëscher a Still an eng flott Deko hunn dem Bësch e neie Flair ginn.

De Béiergaart dat waren 3 Deeg Spaass fir d'ganz Famill mat Live-Musek a leckert Iessen.

Lass goung et Freides Owes mat engem After-Work an der jäerlecher Generalversammlung vum Veräin. Samschdes waren et d'Stammtischmusikanten an den DJ Rom déi fir déi néideg Stëmmung bis spéit an d'Nuecht gesuergt hunn. Eng riese Kniddelpan mat Ram a Speck an dat üblecht Gegrilltes hu keen Honger bei de Gäscht opkomme gelooss. Géint den Duscht gouf et e gudde Käerjenger Béier, an déi speziell Béiergaart Cuvé vun Hellbrew huet de Leit och gutt geschmaacht.
Sonndes Muerges hunn eis Stammtischmusikanten nach eemol fir den Apéro-Concert gespillt. Um Menü stoung Fierkel um Spiiss oder gegrillte Poulet mat Salotebüffet. Am Nomëtten hunn d’Gehansbléiser vun Diddeléng fir e flotte Concert gesuergt. An esou ass géint 9 Auer Owes e flotte Weekend am Bommertbësch zu Enn gaangen.

Vive de Béiergaart 2017