Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Die Gendarmerie wie man sie kannte

29
Okt
2021
29 Okt 30 Okt 31 Okt 01 Nov 02 Nov 03 Nov 04 Nov 05 Nov 06 Nov 07 Nov

Thematische Ausstellung

Die Gendarmerie wie man sie kannte

Vun der ´Gendarmerie Nationale Compagnie de Luxembourg´ vun 1797 iwer ´Gendarmerie Impériale´ 1804,

´Maréchaussée Royale Grand-Ducale´ 1840, ´Corps de Gendarmerie´ 1877, ´Gendarmen & Fraiwelle-

gekompanie´ 1881bis zur ´Gendarmerie Grand-Ducale´ tescht 1945 an 1999

Musée de la Police Grand-Ducale a.s.b.l. Frënn vum Policemusée

Vernissage Freideg, 29. Oktober 2021 | 19:00

Ausstellung vum 29. Oktober – 07. November 2021

D’Ausstellung ass op:

Vun Méindes bis Sonndes 09:00 – 12:00 / 13:00 – 18:00.

Fräien Entrée

Den Musée vun der Police Grand-Ducale mécht een Zweschenstopp am Centre Culturel ´Hennesbau´ zu Nidderfeelen. No dem Succès 2019 am Zentrum (Belle Etoile + Miersch, 2020 am Süden (Téiteng) matt 4 Haaptthemen ass den Policemusée 2021 op Tournée am Norden vum Land. Op Initiativ vun der Gemeng Feelen, sinn mir dann am Oktober a November zu Nidderfeelen.

Enner dem Motto ´Die Gendarmerie wie man sie kannte´ wëllen mir d´Geschicht vun der Gendarmerie zu Lëtzebuerg beliichten, e Corps deen bestemmt nach vill Leit kennen.

An der Ausstellung ze gesinn ass eng kleng Auswiel vun Fotoen, Dokumenter, Uniformen, Ausrüstungsgeigenstännn an villes mei, aus der polizeihistorischer Sammlung vum ´Musée de la Police Grand-Ducale´, an Verbindung mam Thema.

Niewend der Ausstellung sinn och nach Buchlesungen vum Auteur Paul Heinrich den aus sengem Buch ´Die Gendarmerie wie ich sie kannte´ virliest, d’Buch verkeeft + signéiert. Den Auteur ass all Daag an der Expo.

Konferenzen iwer die 203-jährig Geschicht vun der Gendarmerie zu Lëtzebuerg sollen un dësen Corps erënneren.

Eng Billerausstellung matt Aquarellen vum Jean-Paul Hoffmann zum Thema Gendarmerie-Police ass am klengen Sall ze gesinn (Aquarellen die och ze kafen sinn).

D´Ausstellung ass selbsterklärend, op Wonsch kenne mir och ´gefeiert Visiten´ maachen.

Sonndes den 31. Oktober + 07. November ass um 11Auer Apéro-Concert vun der Feelener Strëpp.

Sonndes, 31. Oktober um 15:00 & Samsdes, 06. November um 19:00 Auer sinn Konferenzen iwer d´Geschicht vun der Gendarmerie Grand-Ducale mam Camille Diener, conservateur vum Policemusée

Mettwoch, 03. November (Nocturne) d´Expo ass op bis 20:00 Auer.