Wählen Sie Ihre Nachrichten​

d'Miselerland brennt! 23. & 24. Oktober 2021

23
Okt
2021
23 Okt 24 Okt

Zënter méi wéi 10 Joer invitéieren d’Brenner op der Musel op hiren traditionelle Brennerdag "D'Miselerland brennt!" fir de kulturellen a kulinaresche Räichtum vun hiren Destillater virzestellen. Den 23. a 24. Oktober fënnt de Brennerdag déi éischte Kéier grenziwwerschreidend mat de Frënn vun der Däitscher Musel statt an dat Ganzt ënnert dem Motto "D'Musel brennt!".

Dëst Joer kënnen d'Brenner hir Produiten also iwwer d'Grenzen eraus presentéieren an esou hir Brennkultur ervirhiewen. Traditioun a Kultur, awer virun allem déi héichqualitativ Matière Première aus de Bongerten, Wéngerten a Fléier vun der Muselregioun kombinéiert mam Knowhow vun eise passionéierte Miseler Brenner suerge fir e gudde Goût an exzellente Genoss vun hire regionale feinen Uebstbränn.

Loosst Iech beim Besuch vun Ärer Brennerei an d’Welt vun de gudde Geeschter aus dem Miselerland entféieren a verpasst d’Geleeënheet net, de Brenner bei hirem Handwierk iwwer d’Schëller ze kucken an eng gutt Drëps fir Är Léifsten mat Heem ze huelen!


De Programm op béiden Deeg mat Visitten, Animatiounen, Wanderungen a kulinareschen Highlights ass individuell vun de Brenner zesummegestallt gin an ass op hirer Websäit oder soziale Medien ze fannen.

Déi 5 Brennereien vun der Lëtzebuerger Musel maachen Samschdes tëscht 14.00 an 18.00 Auer a Sonndes tëscht 11.00 an 18.00 Auer hier Dieren op. Individuell Ännerunge vun de jeeweilege Brenner si méiglech.

Am Kader vum 10. Gebuertsdag vum Brennerdag goufen d'lescht Joer zesumme mat der Patisserie Hoffmann d' "Trüffen aus dem Miselerland" hiergestallt. Déi 5 Schockela's Trüffen, gefëllt mat jee enger Drëpp aus enger vun de 5 Brennereien, hunn de Gäscht esou gutt geschmaacht, esou datt se nach emol produzéiert goufen an dëst Joer och erëm um Brennerdag bei deene verschiddene Brenner op der Plaz kënne kaf gi.

An e puer Brennereien gëtt och live gebrannt a fir dee klengen Honger ass och iwwerall gesuergt.


Fir e sécheren Oflaf vum Event kënnen ze garantéieren, sinn all d‘Gäscht gebieden déi offiziell COVID Reegelen anzehalen déi deen Ament a Kraaft sinn (3G-Check).

D'Brenner am Miselerland freeën sech Iech op hirem traditionelle Brenner-Event ze begréissen an hir Leidenschaft mat Iech ze deelen.


Distillerie artisanale Zenner

42 + 135, route du Vin
L-5447 Schwebsange (Commune de Schengen)
Tél: +352 23 66 44 61 / Fax : +352 26 66 52 32
E-Mail: distilleriezenner@pt.lu / www.distillerie-zenner.lu


Distillerie Weber André

4, rue des Vergers
L-5485 Wormeldange-Haut
Tél: +352 76 07 84 / Fax: +352 76 05 14
E-Mail: distillerieweber@pt.lu


Distillerie Diedenacker Camille & Mariette Duhr-Merges

9A, rue Puert
L-5433 Niederdonven
Tél: +352 26 74 71 08
E-Mail: duhrcam@pt.lu / www.diedenacker.lu


Caves et Distillerie Max-Lahr et fils

6, rue des vignes / 4, rue de Niederdonven
L-5401 Ahn
Tél : +352 76 84 11 / Fax : +352 26 74 72 44
E-Mail : info@max-lahr.lu / www.max-lahr.lu


Distillerie Streng

1A, rue Kummert,
L-6743 Grevenmacher
Tél: +352 26 72 94 47
E-Mail: distillerie@streng.lu / www.streng.lu



De ganze Programm fannt dir ënnert:

www.brenner-am-miselerland.lu

www.visitmoselle.lu