Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Héiche Materialschued beim Scheierbrand- 45 Pompjéesleit am Dauerasatz

Géint 17 Auer wor de 24. Juni op engem Bauerebetrieb zu Niddercoulpich an enger Scheier ee Grossbrand ausgebrach. A kurzer Zäit nom Alarm hun sech d'Pompjéescorps aus de Gemengen Ell, Bieckerich a Réiden mat ronn 45 Leit op der Brandplatz afond fir direkt mam Läschen unzefänken.Wéinst der starker Dampentwecklung huet misse mat schwéierem Otemschutz geschafft gin. Während die eng Mannschaften probéiert hun de Brand vun der h¨nneschter Säit ze bekämpfen ass d'Feier och vu vir vum Haff aus an dat mat der Ënnerstëtzng vun der Dréileeder vun den Réidener Pompjéen geläscht gin. D'Läschwaasser ass aus dem Schlassweiher bis op di verschidden Tankween gepompelt gin.Bei desem Asatz war Virsicht gebueden, well den Dach vun der Scheier no an no agefall ass. Dank dem gezielten Agréifen an der gudder Zesummenarbecht vun de Pompjéen aus den dräi Korps, ass verhënnert gin, dass de Brand op d'Wunnhaus konnt iwergreifen. Bei desem Groussasatz ass kengem eppes geschitt.Wéinst de Läscharbechten huet d'Haaptstrooss misse komplett gespaart gin. Op der Brandplaatz waren ausser dem Regionalinspekter Paul Hack an dem Kantonalinspekter Romain Thiel, och nach zwou Ambulanzen vum Réidener Zivilschutz. D'Polizeibeamten vu Réiden hun de Virfall zur Kenntnis geholl. D'Läsch-an d'Opraumarbechten wärden nach bis an die fréih Muergesstonnen vum Samsdeg undaueren.
Kuckt Iech d'Fotoen un, Déi de Charel Reiser geschoss huet.
Méi heivunner ass muer an der Samsdes- Ausgab vum Luxemburger Wort ze liesen.