Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Verweldert Kazen leiden Honger

An der Läscht gi mer ëmmer méi oft ob verweldert Kazen opmierksam gemaach déi an énger Grupp zesummeliëwen a vun Déierefrënn regelmässeg gefiddert gin. Hinnen as et bis viru kurzem net schlecht gaang, meeschtens sin se op esou Plazen kastréiert a si gudd geniërt.

Elo mat der Covid19 Kris traue wahrscheinlech vill vun deene Leit sech net fir "hir" Kazen fidderen ze goën, oder si sin esouguer selwer krank gin a kennen dat net maachen.

Déi 2 op de Fotoën si vun esou énger Plaz, si sin auserhéngert, den Tiger as nach just Haut a Schank awer net wäll se krank as. Si hun neischt z'iëssen an ze drenke krit bis se esou schlecht dru waren dass se éngem friëme Mensch nogelaf sin fir eppes ze kréien. Déi hei zwee gin elo opgepäppelt, awer et sin net déi eenzeg déi mir esou opgehol hun bis elo.

Duerfir wëlle mir hei een Opruf maachen:

Wann Dir de Moment Är Fudderplaz net kennt betreien, frot een aus Ärer Famill, een Noper, een aner Déierefrënd fir dass déi Déieren net mussen erhéngeren.

Et kënnt een net a Kontakt mat aner Menschen, mat de Virsichtsmoossnahmen verbreet een net de Virus, awer et mecht een ee gudd Wiërk.

De Privaten Déiereschutz asbl seet Iëch merci fir Är Hëllef un den Déieren déi Nout leiden.