Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung vum Privatn Déiereschutz asbl

Generalversammlung 2020

28. Juni 2020 am Centre de Loisirs Am Sand zu Nidderaanwen

D’Generalversammlung as de COVID-Bestëmmungen no am reduzéierte Krees ofgehal gin.

Déieren déi mir 2019 an eisen Fleegefamiljen opgehol hun:

441 Kazen

77 Kanéngercher

6 Mierschwéngercher

= 524 Déieren an éngem Joër
Dobei kommen all déi verwëldert Kazen déi just kastréiert gi sin an zréck op hir Plaz gungen.


Kastratiouns-Kampagne

Mir hun am Joer 2019

520 Kazen an 392 Kuederen kastréiert.

An all männlech Kanéngercher a Miërschwéngercher.

Dat erklärt och zum Deel eis Vétérinaire-Käschten vun 147.379,71 €

Déi 520 Mudderen hätten an éngem Joër 2 x Klénger krit (4 an der moyenne) wären 4.160 Klénger an éngem Joer !!!


Wéi all Joër konnte mer villen Déieren hëllefen, awer leider hate mer och nees schlëmm Affären wou mer d’Déieren net ëmmer konnte retten. An esou Fäll si mer oft op d’Police oder Assistant social ugewisen fir dass mer iwerhaapt eppes kënnen erreechen.

Am neien Déiereschutzgesetz as festgeluecht dass zenter dem 1.1.2019 d’Kaze mussen kastréiert a gechipt sin, wat leider nach laang net de Fall as. Do as den Asaz vun den Déierendokteren gefuedert fir d’Leit drop opmierksam ze maachen, awer och dass d’Dokteren de Chip umellen an net nëmmen setzen. Oder Déieren aus dem Ausland déi net am letzebuerger Fichier ugemellt sin.

Mir hun 3 Haapthaiser déi dat ganzt Joër Kazen hu vir ze vermëttelen, an e puer Familjen déi Klénger grouss zillen.

A 5 Haiser gin Kanéngercher a Miërschwéngercher opgehol.

Honn vermettele mir net, wann ee fond gët wou net direkt de Proprietär ze fannen as geet en an d’Déierenasil op Gaasperech.

Wëlldéieren mussen op Dideléng an d’Fleegestatioun oder an ee vun hire 4 Drop-Off’en gedroë gin.


Mir sichen nach Déierefrënn déi sech op iergendéng Manéier bei eis wëllten engagéieren, siëw dat

- Als Fleegefamill fir Kazen (wou ee muss Erfahrung hu mat Kazen)

·- Op Nidderaanwen wëllt hëllefe kommen fir d’Déieren proper ze maachen. Dat as moies respektiv owends fir 2-3 Stonnen, wa méiglech ee festen Dag. Hei brauche mer och Leit déi kënnten asprangen wann een a congé oder krank as.

· Leit déi géngen op éngem Verkafsstand hëllefen, oder selwer ee Verkafsstand maachen z.B. op Flouhmärt oder éngem Duerfmaart.

· Virun allem brauche mer och Leit fir eise Bazar ze preparéieren, hëllefen an eisem Lokal raumen an zortéieren am Laf vum Joër asw.


Intressenten kënnen sech gär mellen beim Marie-Anne Heinen um 34 85 01 oder Gaby Beissel um 26 66 08 71.


Eise Komitee setzt sech zesummen aus

Da Silva Sandra

Heinen Marie-Anne

Keiffer Monique

Kreins Malou

Lamboray Claudine

Lauterbach Patricia

Paulus Yvette

Wagner Françoise

Welter Carine